Kann d’Regierung bestätegen datt d’Preventiounskueren vun der Police zum Thema Drogen an de Schoulen néi Konditiounen operluecht kruten an datt CNAPA elo eng Formatioun ausschafft, mam Ziel datt d’Enseignant’en elo d’Kueren zu dësem Thema halen ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

De Service de Prévention vun der Police hält scho säit laangem Kueren an de Schoulen vir zum Thema Drogen opzeklären. Och wier eng Etude vum MENJE ënnerholl ginn, déi der Police hier Aarbecht an deem Kontext evaluéiert huet, déi eisen Informatiounen no positiv ausgefall ass.

Elo wieren eisen Informatiounen no Ännerungen vum MENJE virgesinn wat d’Konzept vun der Drogepreventioun an de Schoulen ugeet. Deemno géif de konventionéierte Centre National de Prévention des Addictions (CNAPA) eng Formatioun fir Enseignanten aus dem Cycle 4.2 an och vir VISO-Proffen ausschaffen. Dëst Personal géif dann am Fondamental an am Secondaire Kueren iwwert Addictiounen/Drogen halen. Dëst hätt als Konsequenz datt d‘Police aplatz vun e puer Stonnen nëmme nach jeeweils 50 Minutten an de Schoulen agéieren dierf. Och géifen dës Kueren fakultativ ginn. D’Police dierft iwwerdeems hier Kueren net méi halen wéi se dat bis elo all déi Joren gemaach huet mee se dierft just nach iwwert Drogegesetz schwätzen.

 

An deem Kontext wollte mir folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Kann d’Regierung bestätegen datt d’Preventiounskueren vun der Police zum Thema Drogen an de Schoulen néi Konditiounen operluecht kruten an datt CNAPA elo eng Formatioun ausschafft, mam Ziel datt d’Enseignant’en elo d’Kueren zu dësem Thema halen ?
  • Kann d’Regierung confirméieren datt d’Police hire Programm geännert krut an nëmme nach dierf iwwert Drogegesetz an de Schoule schwätzen ?
  • Ass et richteg datt d‘Police laut dem neien Konzept, dat tëscht dem MENJE an dem CNAPA opgeschafft ginn ass, mol net méi dierf op Froen vun de Schüler zum Thema Drogen äntweren ?
  • Stemmt et dass eng Evaluatioun vum MENJE zu der Police hiren Kueren zum Thema Drogen gemaach ginn ass ?
    • Wa jo, aus wéi engem Grond ass des Etude net public gemaach ginn?
    • Wat ass d’Resultat vun der Etude ? Kann d’Regierung bestätegen datt dës positiv ausgefall ass ?
    • Wann deem esou ass, kann d’Regierung eis de Grond nennen wisou d’Police dann net méi dierf esou weiderfueren wéi se dat bis elo gemaach huet ?
  • Wëssend datt d’Personal vum Service de Prévention vun der Police duerch hier Aarbecht um Terrain e spezifescht Wëssen zum Thema Drogen besetzten, wier et net vun Virdeel, dësen méi Spillraum ze loossen wat Kueren an de Schoulen ugeet ?
  • Stëmmt et dass dës Kueren net obligatoresch sinn, weder fir den Fondamental nach fir den Secondaire ?
    • Wann deem esou ass, riskéieren mir duerch deen Ëmstand, dat et Schoulen gin wou keng Police méi eng Preventioun mécht ?
  • Mengt d’Regierung net och datt an deem Fall d’Vernetzung tëscht Police a Gemengen, Schoulen, Sepas’en an Direktiounen riskéiert vernoléissegt ze ginn ?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen          Marc Lies        Diane Adehm
Deputéiert

Zréck