Kann den Logementsminister eis matdeelen op un enger Moossnam geschafft gëtt wouduerch jonke Menagen a Menagë mat klengem Akommes eng Wunnengsbaualternativ ugebuede gëtt?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Logementsminister an un den Här Finanzminister weiderzeginn.

D’Spiral bei de Wunnengspräisser dréint monter weider. Laut dem Observatoire de l’Habitat sinn d’Immobiliëpräisser iwwert ee Joer gesi vum 1. Trimester 2019 op dat 1. Trimester 2020 am Existant ëm 16,6% an am Neibau (VEFA) ëm 14,5% an d’Lucht gaangen.

Am Kader vun der Corona-Kris sinn d’Präisser um Bau, bedéngt duerch verschidde sanitär Moossnamen, zousätzlech geklommen.

Op Regierungssäit si keng Moossnamen ergraff gi fir dem “Häuslebauer” ënnert d’Ärem ze gräifen an d’Spekulatioun um Immobiliëmarché geet weider.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Logementsminister an un den Här Finanzminister  riichten:

  • Wéini gëtt een Avant-Projet vun der Reform zur Grondsteier presentéiert?
  • Wéini gëtt een Avant-Projet vun der Definitioun iwwert de “logement à coût modéré” presentéiert ?
  • Si verschidde steierlech Moossnamen an de kommende Méint envisagéiert fir den “Häuslebauer” z’entlaaschten?

Am Koalitiounsaccord ass festgehalen, datt de Mietkauf an dëser Legislaturperiod géif ëmgesat ginn.

  • Kann den zoustännege Minister matdeelen op un dëser Moossnam geschafft gëtt an doduerch jonke Menagen a Menagë mat klengem Akommes eng Wunnengsbaualternativ ugebuede gëtt? Wéini ass mat engem deementspriechendem Projet ze rechnen ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck