Kann den Här Mobilitéitsminister confirméieren, dass eng Partie betraffe Leit Schwieregkeete mam Ëmgang mat der neier Adapto-App hunn ? Wa jo, wéi eng Mesuren gedenkt den Här Minister ze huelen, fir de Leit d’Situatioun ze vereinfachen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéitsminister weiderzeleeden.

Säit Enn August ass déi nei Adapto-App operationell. Mengen Informatiounen no ass den Ëmgang mat der neier App fir vill concernéiert Leit zimlech komplizéiert oder si hu keen adäquaten Handy, op deen si sech déi entspriechend App kënnen eroflueden. Dëse Leit bleift da just nach d’Méiglechkeet, an d’Adapto-Zentral unzeruffen. Mee do kënnt et eisen Informatiounen no wéinst Iwwerlaaschtung dacks zu Waardezäiten.

 

Parallel dozou sinn d’Adresse vu verschidde Spideeler an deem Sënn e Problem, dass si fir d’Adapto-App net prezis genuch sinn. De Centre hospitalier an d’Kannerklinik an der Stad hu beispillsweis déi selwecht Adress, hir respektiv Entréeë sinn awer net op der selwechter Plaz.

 

An dësem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Mobilitéitsminister stellen:

 

  1. Kann den Här Mobilitéitsminister confirméieren, dass eng Partie betraffe Leit Schwieregkeete mam Ëmgang mat der neier Adapto-App hunn ? Wa jo, wéi eng Mesuren gedenkt den Här Minister ze huelen, fir de Leit d’Situatioun ze vereinfachen?
  2. Huet den Här Mobilitéitsminister Kenntnis vun den deels laange Waardezäiten an der Adapto-Hotline? Wa jo, wéi eng Mesure si geplangt, fir d’Waardezäiten an der Adapto-Hotline erofzedrécken?
  3. Sinn dem Här Minister Fäll bekannt, wou den Adapto-Bus op der falscher Plaz gewaart huet a schonn nees fortgefuer war, éier de Client op der Hotline duerchkomm war, fir nozefroe, wou säi Bus bleift? Wann den Här Minister Kenntnis vu sou Fäll huet, wéi eng Moossname gedenkt hien z’ergräife, fir den Adapto-Service ze verbesseren?
  4. Huet den Här Minister Kenntnis vum Problem mat den Adresse vun den uewe beschriwwene Klinicken, wou eng Partie Dokteren hir Praxis hunn? Wa jo, wéi soll dëse Problem behuewe ginn?
  5. Sinn dem Här Minister nach aner Destinatioune bekannt, wou d’Entrée vun der Institutioun sech net op der eigentlecher Adress befënnt an d’Notzung vum Adapto-Service doduerch zousätzlech verkomplizéiert gëtt? Wa jo, wéi eng Institutioune sinn dat?

 

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Martine Hansen                                                                      Serge Wilmes

Co-Fraktiounspresidentin                                                              Deputéierten

Zréck