Kann den Här Minister eis detailléiert Zuelen zur Evolutioun vun der Kriminalitéit an Delinquenz hei am Land säit Mäerz 2021 ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weider ze leeden.

Déi lescht Zuelen a Statistiken zur Kriminalitéit an Delinquenz am Grand-Duché huet den Här Minister zesumme mat de Responsabele vun der Police Enn Mäerz dëses Jores presentéiert.

An de leschte Wochen huet een awer den Androck datt et virun allem zu enger ganzer Rei Iwwerfäll am Dag komm ass.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann den Här Minister eis detailléiert Zuelen zur Evolutioun vun der Kriminalitéit an Delinquenz hei am Land säit Mäerz 2021 ginn, opgeschlësselt no der Aart vun de Strofdoten, de Stied, de Gemengen an de Regiounen am Land?
  • Wann nee, aus wéi enge Grënn sinn dës Zuelen net disponibel?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Laurent Mosar                                                     Léon Gloden

Deputéierten                                                       Deputéierten

 

 

Zréck