Kann den Här Landesplanungsminister eis eng genau Opleschtung vun de Flächen pro Gemeng zoukomme loossen, esouwuel wat de Wunnengsbau an awer och d’Zone économique/industrielle ugeet ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landesplanungsminister an un den Här Wunnengsbauminister weiderzeleeden.

Enn November hunn de Minister fir d’Landesplanung an de Logementsminister nei Zuelen iwwert Baulandreserven zu Lëtzebuerg presentéiert. Laut rezenten Etuden hätt Lëtzebuerg 5.000 Hektar u Baulandreserve vun deenen eng 3750 Hektar fir de Logement kéinte genotzt ginn. Laut Landesplanungsminister wiere fir méi wei 300.000 Leit Flächen an de Bauperimeteren, dofir misste Bauperimeteren net vergréissert ginn an domadder misst net méi Natur futti gemaach gi fir de Wunnengsbauproblem zu Lëtzebuerg ze léisen. Fir d’Etüden gouf mat 89 Gemengen zesummegeschafft.

Wessend dass bis dato ëmmer vun 2900 Hektar u Baulandreserve riets gaangen ass, wollt ech gären folgend Froen un Regierung stellen :

  • Sinn déi zousätzlech 850 Hektar Flächen, déi bei der Reform vun de PAG’en zousätzlech an de Gemengen ausgewisen an an de Bauperimeter erageholl gi sinn?
  • Kann den Här Landesplanungsminister eis eng genau Opleschtung vun de Flächen pro Gemeng zoukomme loossen, esouwuel wat de Wunnengsbau an awer och d’Zone économique/industrielle ugeet ?
  • Wéi vill Prozent vun deenen 3750 Hektar pro Gemeng si Baulücken a wéi vill Prozent si Gréngfläche wou nach kee PAP gemaach ginn ass?
  • Handelt et sech bei de Gréngflächen an der Regel ëm Flächen déi an enger Hand sinn oder muss bei dëse Flächen nach een opwennege Remembrement urbain gemaach ginn?
  • Wat ass d’Estimatioun vun der Regierung wéi laang et am Schnëtt dauert bis datt dës Gréngflächen duerch déi administrativ Prozedur sinn, bis déi Fläche lotisséiert sinn, a wéi laang et dauert bis datt déi éischt Wunnengen op dëse Fläche gebaut kenne ginn ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck