Kann den Här Educatiounsminister confirméieren, dass d’Gemengen net méi mat Zuelematerial iwwer de schoulesche Parcours vun „hire“ Schoulkanner informéiert ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Am drëtten Trimester vum Cycle 4.1 fänkt bekanntlech d’Orientéierungsprozedur fir d’Schüler aus dem Enseignement fondamental fir hire weidere schoulesche Wee un. Bis zum Enn vum Cycle 4.2 steet da fest, a wéi eng Richtung vum Enseignement secondaire d’Jongen a Meedercher aus de Grondschoulen vun den 102 Lëtzebuerger Gemengen orientéiert ginn.

D’Gemenge selwer gi mengen Informatiounen no awer aus Dateschutzgrënn net méi driwwer informéiert, a wéi engem Deel vum Enseignement secondaire d’Kanner a Jugendlecher hire schoulesche Parcours fortsetzen.

Well et fir déi eenzel Gemengen am Land interessant ass, de respektive Prozentsaz vun de Schoulkanner ze kennen, déi an de „Classique“ oder an de „Général“ orientéiert ginn, wéilt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen :

  • Kann den Här Educatiounsminister confirméieren, dass d’Gemengen net méi mat Zuelematerial iwwer de schoulesche Parcours vun „hire“ Schoulkanner informéiert ginn ?

 

  • Wéi eng Mesure gedenkt den Här Educatiounsminister als Ersatzléisung en Place ze setzen, fir dass d’Gemengeréit sech e Bild kënnen driwwer maachen, a wéi eng Richtung d’Kanner aus hire respektive Grondschoulen am Cycle 4 orientéiert ginn ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Georges Mischo

Deputéierten

Zréck