Kann den Educatiounsminister confirméieren dass d’ Posten am Enseignement an den internationale Klassen international ausgeschriwwe ginn, allerdéngs net um Site vum nationalen Educatiounsministère (men.lu)?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Educatiounsminister weider ze leeden.

 

Eisen Informatiounen no ginn d’ Posten am Enseignement an den internationaleKlassen  international ausgeschriwwen, allerdéngs net um Site vum nationalen Educatiounsministère (men.lu).

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froe stellen:

 

  • Kann de Minister eist dëst bestätegen?
  • Firwat ginn dës Posten net och national iwwert de Site vum Educatiounsministère annoncéiert?
  • Gëtt virun enger internationaler Ausschreiwung gekuckt, op fonctionariséiert Enseignant‘ en interesséiert si fir sech op esou ee Posten ze mellen?
  • Wa jo – wéi eng Méiglechkeeten bestinn an deem Fall fir si? Si Mutatiounen an deem Sënn méiglich?
  • Wann neen – firwaat net?
  • Wéi eng allgemeng Ausschreiwungsprozedure sinn hei virgesinn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Martine Hansen

Deputeierten

Zréck