Kann de Minister eis d’Froen déi an der LISER Enquête iwwer méiglech Klimamesuren gestallt ginn, zoukommen loossen?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Laut onsen Informatiounen ass de LISER amgaang am Optrag vun der Regierung eng Enquête iwwer méiglech Klimamesuren duerchzeféieren, bzw. bestoend Mesuren ze evaluéieren.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann de Minister eis d’Froen déi an der Enquête gestallt ginn, zoukommen loossen?
  2. Wéi sinn d’Sujet’en vun dësen Froen festgehale ginn?
  3. Wat ass d’Ziel vun dëser Enquête?

 

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Claude Wiseler

Zréck