Huet sech d‘Omikron-Subvariant BA.5 weider zu Lëtzebuerg verbreed, nodeem se ugangs Mee eng éischte Kéier ze Lëtzebuerg dektéiert gouf ?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géingen mir Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Laut Medieberichter huet sech d’Omikron-Subvariant BA.5, déi laut der WHO am Januar fir d’éischt an Südafrika opgedaucht ass, an de leschte Wochen virun allem a Portugal rasant verbreed an zu héijen Inzidenzen gefouert. An dësem Kontext géingen mir gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Kënnt Dir des Informatiounen confirméieren?
  • Huet sech d‘Subvariant BA.5 weider zu Lëtzebuerg verbreed, nodeem se ugangs Mee eng éischte Kéier ze Lëtzebuerg dektéiert gouf ?
    • Wa jo, wéi héich ass de Prozentsaz par Rapport zu der Gesamtzuel vun Infektiounen?
  • Wat fir Mesuren ginn an dem Zesummenhang ergraff, fir enger neier Well am Hierscht entgéint ze wierken?
  • Gin et nei Erkenntnisser zur Iwwerdrobarkeet an zur Virulenz vun der Sub-Variant BA.5?
  • Sinn déi aktuell Impfstoffer wierksam géint Sub-Variant BA.5?

 

Här President, mir bieden Iech eise déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Claude Wiseler                          Max Hengel

Deputéierten                            Deputéierten

Zréck