Huet Lëtzebuerg den “nationale Ratgeber für die gute fachliche Praxis in der Landwirtschaft zur Begrenzung von Ammoniakemissionen“ esou wéi an der EU Direktive vun 2016 virgesinn ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch an un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Laut der EU-Richtlinn vum 14. Dezember 2016 zur Reduktioun vun den nationalen Emissioune vu bestëmmte Loftschuedstoffer muss all Land en „nationalen Ratgeber für die gute fachliche Praxis in der Landwirtschaft zur Begrenzung von Ammoniakemissionen“ opstellen. Ënner anerem missten am nationale Ratgeber de Stéckstoffmanagement an d’Fidderungsstrategië behandelt ginn. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Ëmweltministesch an un den Här Landwirtschaftsminister stellen:
Ass de nationale Ratgeber, sou wéi an der EU-Richtlinn vun 2016 virgesinn, zu Lëtzebuerg publizéiert ginn?
Wann jo, wéini?
Wann neen, firwat net?
Wann jo:
Wat fir Mesurë sinn an dem Dokument zréckbehale ginn?
Wat ass beim Stéckstoffmanagement a bei de Fidderungsstrategië genau festgehale ginn?
Ass de Ratgeber op seng Auswierkungen op d‘Reduzéierung vun den Ammoniakemmissiounen evaluéiert ginn?
Wann jo, wat sin d’Konklusioune vun dëser Evaluatioun?
Wann neen – firwat net?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen
Deputéiert

Zréck