Huet Google nach kee Projet fir den Data-Zenter zu Biissen am Emweltministère deposéiert a ginn et Kontakter tëscht dem Ministère a Google ?

Här President,
Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend Fro un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung weiderzeleeden.
An engem Interview am „Tageblatt“ vum 14. November 2022 äntwert d’Madamm Ëmweltminister op eng Fro zum Projet vum Google-Data-Center zu Biissen an zum domat verbonnene Waasserverbrauch: „Ich habe da kein Dossier, ich kann mich dazu nicht gut auslassen, weil ich nicht weiß, ob da wer mal kommt und wenn ein Projekt kommt, welches Projekt da kommt. Das ist alles schwer vorauszusehen. Klar ist, dass das kein Standardprojekt sein kann.“ Laut eisen Informatioune gesäit de „Memorandum of Understanding“ tëschent dem US-amerikanesche Konzern an der Lëtzebuerger Regierung vir, dass Google bis spéitstens Ufank 2024 eng Baugeneemegung muss ugefrot hunn.
An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung riichten:
Kann d’Madamm Ëmweltminister confirméieren, dass – wéi si am Interview am „Tageblatt“ seet – bis elo kee Projet vu Google an hirem Ministère deposéiert ginn ass?
Wann d’Baugeneemegung bis Ufank 2024 muss ugefrot sinn, ass et virun deem Hannergrond realistesch, dass sämtlech Prozeduren am Ëmweltministère kéinten an engem Joer ofgeschloss sinn?
Ware respektiv sinn d’Servicer vum Ëmweltministère aktuell nach am Kontakt mat de Responsabele vu Google fir d’Implantatioun vun engem Data-Center zu Biissen?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Laurent Mosar
Deputéierten

Zréck