Huet d’Regierung wëlles den Transport vun Verstuerwenen ze änneren?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 594

 

Här President,

 

Sou wéi d’ Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un d‘ Madamm Inneministesch weider ze leeden :

Den Arrêté grand-ducal deen den Laichentransport zu Lëtzebuerg regléiert datéiert aus dem Joer 1913. Laut Aussoen vum President vun der Federation des pompes funèbres as d´Gesetz net méi zäitgeméiss, a misst dringend adaptéiert ginn. Esou ass et net méi zäitgeméiss dat fir e Stierffall deen ausserhalb vun den Ëffnungszäite vun der Gemeng geschitt, a wou di betraffen Persoun op engem Kierfecht an enger aneren Gemeng soll begruewen ginn, een d’Gemeng wou di Persoun gestuerwen ass net dierf verloossen. Als éischt musse een d’Ofmeldung maachen, da kritt een den Transportschäin an dann dierfe een an di aner Gemeng fueren. 

 

An dësem Kontext hätt ech folgend Froen un d‘ Madamm Inneministesch:

 

  • Gedenkt d’Regierung den Arrêté grand-ducal vun 1913 ze iwwerschaffen an ze adaptéieren?

 

  • Wann jo, wéi eng Ännerungen sinn konkret virgesinn? Kann d‘ Madamm Ministesch eis Informatiounen zoukommen loossen?

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck