Huet d’Regierung sech evtl. schonn Totimpfstoffer geséchert? Wa jo, wéi vill Dose soll de Grand-Duché kréien?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Wann ee momentan hei am Land géint de Sars-CoV-2 Virus geimpft ass, huet een entweder en mRNA- baséierte Vaccin oder awer e Vektor-Impfstoff gesprëtzt kritt.

Et ass gewosst datt et eng Rei Leit ginn déi net onbedéngt generell géint eng Impfung sinn, awer si hunn net onbedéngt grouss Vertrauen an mRNA- oder Vektor-Impfstoffer.  Dowéinst waarde wuel vill Leit op déi sougenannten “Totimpfstoffer” déi op Protéine baséieren an als “klasseschen” Vaccin ugesi ginn. Bei dëse ginn doudeg Bestanddeeler vun den Erreeger (evtl . nach mat engem Wirkverstärker) gesprëtzt déi dann eng Immunreaktioun am Kierper ausléisen. Esou funktionéiere jo bekanntlech och d’Grippe-Vaccine.

Bei dëse Vaccine sinn déi 3. Phase vun den Etuden ofgeschloss a se weisen eng Effizienz vu gutt 90% géint eng symptomatesch Covid-Infektioun. D’Niewewierkunge solle wuel och nach méi geréng sinn, wéi bei den mRNA-Vaccine.

Op EU-Niveau leeft d’Zouloossungsprozedur an d’EMA préift och schonn op mannst de Vaccin vun engem Hiersteller. Et ass also ze hoffen datt et eng Zouloossung bis Enn der Jores oder Ufank 2022 ka ginn. D’EU-Kommissioun huet sech am Fall vun esou enger Zouloossung och schonn 200 Milliounen Dose geséchert.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Deelt d’Regierung d’Meenung datt dës Totimpfstoffer kënnen dozou bäidroen eis Impfquoten ze hiewen?
  2. Wéi steet d’Regierung zu dëse Vaccine?
  3. Huet d’Regierung sech evtl. schonn Totimpfstoffer geséchert?
  4. Wa jo, eleng oder iwwer d’EU-Kommissioun?
  5. Wa jo, wéi vill Dose soll de Grand-Duché kréien?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Georges Mischo

Deputéierten

 

Zréck