Huet d’Regierung eng Analyse gemaach betreffend der Infektiounslag zënter dem Schoulufank ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch ewéi och un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weider ze leeden.

D’Covid-19-Infektiounszuelen sinn an deenen leschten Wochen weltwäit drastesch an d’Luucht gaangen, dëst och zu Lëtzebuerg. An deem Fall kann een dovun ausgoen datt eis Schoulen och dovun betraff sinn. Zanter der Schoulrentrée ginn et keng offiziell Statistiken méi wat d’Infektiounslag an de Schoulen ugeet.

 

An deem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Huet d’Regierung eng Analyse gemaach betreffend der Infektiounslag zënter dem Schoulufank ?
  • Wann jo, wat ass d’Resultat vun dëser Analyse ? Kann d’Regierung eis dës Statistiken vun de leschte Wochen zoukomme loossen ?
  • Wéi interpretéiert d’Regierung des Statistiken ? Wéi eng Konsequenzen zitt se doraus ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen Claude Wiseler
Co-Fraktiounspresidentin Deputéierten

Zréck