Huet d’Regierung dervun Kenntnis geholl datt et zum Deel grouss Differenzen ginn wat d’Tariffer vum Transport an enger „Taxi-Ambulanz“ uginn, doduerch datt d’Tariffer net gereegelt sinn a jiddereen froen kann wat e well ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet ewéi un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

 

D’Patientevertriedung verlaangt Qualitéit an kloer Reegelen wat den Transport vun Patienten an d’Reha oder vun eelere Leit an d’Spidol ubelaangt.

 

Esou wieren d’Frais de transport net gereegelt an festgeluecht, an géifen aus deem Grond vu Prestataire zu Prestataire variéieren a wieren esou matt oft immens héich.

Des Weideren géing d’CNS keng speziell Ausrëschtung verlaangen, an de Chauffeur misst och keng Grondkenntnisser wéi ee mat kranke Leit ëmgeet (Éischthëllefkuer asw.) besetzen, vir datt esou eng „Taxi-Ambulanz“ seng Zouloossung kritt.

Och d’interministeriell Aarbechtsgrupp déi virun 2 Joer an d’Liewe geruff ginn ass, hätt bis elo nach ëmmer kee Gesetzestext op den Dësch geluecht.

D’Patientevertriedung huet an deem Sënn eng Upassung vun den CNS-Tariffer gefuerdert, an och datt Mindeststandard’ë fir Transporter festgeluecht ginn.

 

Virun dësem Hannergrond wéilte mir folgend Froe stellen:

  • Huet d’Regierung dervun Kenntnis geholl datt et zum Deel grouss Differenzen ginn wat d’Tariffer vum Transport an enger „Taxi-Ambulanz“ uginn, doduerch datt d’Tariffer net gereegelt sinn a jiddereen froen kann wat e well ?
  • Mengt d’Regierung net och datt et net richteg ass datt zemools benodeelegt Patienten op verschidden Behandlungen verzichten mussen, well d’Tariffer vun den „Taxi-Ambulanzen“ ze héich respektiv net unifiéiert sinn ? Gesäit d’Regierung vir dogéint eppes ze ënnerhuelen ?
  • Ass d’Regierung der Meenung datt de Chauffeur vun esou engem „Taxi“ eng éducation de base wat den Ëmgang mat kranke Leit betrëfft misst opweisen vir eng Zouloossung als „Taxi-Ambulanz“ ze kréien? (wéi z.B. Éischthëllefkuer)
  • Mengt d’Regierung och datt et e Minimum un Hygiensstandarden an och eng speziell Ausrëschtung an den Taxi-Ambulanzen misst ginn ?
  • Kann d’Regierung eis matdeelen wou de Gesetzesprojet drun ass ?
  • Gesäit d’Regierung eng Upassung vun den Tariffer fir, ewéi och Mindeststandard’ë (Éischthëllefkuer, speziell Ausrëschtung) vir den „Taxi-Ambulanz“ Transport fest ze leen ?

 

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp                                                       Marc Spautz

Deputéiert                                                                             Deputéierten

Zréck