Huet d’Regierung den Horesca Secteur schonn informéiert wéi eng Mesure mussen en Place gesaat gi bei enger méiglecher Reouverture? Wa jo, wéi eng sinn dës ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet a Konsumenteschutz an den Här Minister fir de Mëttelstand weider ze leeden.

Den Horesca-Secteur huet an Aussiicht gestallt kritt, datt si hier Aktivitéite rëm den 1. Juni kéinten ophuelen.

Eisen Informatiounen no huet d’Horesca dem Gesondheetsministère eng Propose fir e  Guide mat méigleche Mesuren a Richtlinne fir d’Betriber fir d’Reouverture zoukomme gelooss.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Regierung dës Informatioune confirméieren? Wa jo, huet d’Regierung dem Secteur scho e Feedback ginn? Wéi huet dëse Feedback ausgesinn?
  2. Huet d’Regierung de Secteur schonn informéiert wéi eng Mesure mussen en Place gesaat gi bei enger méiglecher Reouverture?
  3. Wéi muss d’Separatioun tëscht de Clientë gemaach ginn?
  4. Gëtt et onofhängeg vun der Gréisst vum Restaurant eng maximal Unzuel vu Leit déi kann zougelooss ginn?
  5. Wéi eng Reegele gëllen op den Terrassen?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                                                     Félix Eischen

Deputéiert                                                               Deputéierten

Zréck