Huet d’Regierung am Zesummenhang mat den EU-Sanktiounen géint Russland Ausnamen gemaach?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.

D’Europäesch Unioun huet zanter dem Ufank vum Ukrain-Krich eng ganz Rei vun Sanktiounen géint Russland verhaangen. A bestëmmte Fäll hunn déi national Regierungen allerdéngs d’Méiglechkeet, fir Ausnamen ze maachen. Laut Medieberichter huet eleng déi hollännesch Regierung an 91 Fäll eng Ausnamereegelung decidéiert. An deem Kontext géing ech gären folgend Fro un den Här Wirtschaftsminister stellen:

  • Huet d’Regierung am Zesummenhang mat de EU-Sanktiounen géint Russland Ausnamen gemaach?
  • Wa jo, wéi vill Firmen hunn vun enger Sonderreegelung profitéiert?
  • Wat sinn d’Grënn fir des Ausnahmereegelungen?
  • Wat fir Sanktiounen sinn konkret ëmgaange ginn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck