Huet d’Prozedur vun der Familljenzesummeféierung vun Flüchtlingen rezent geännert?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister a Minister fir d’Immigratioun weiderzeleeden.

 

Laut Medieberichter huet d’Immigratiounsverwaltung beim Rapatriement familial d’Prozedur geännert.  D’Demandë fir d’Familljenzesummeféierung géifen net méi direkt zu Lëtzebuerg traitéiert ginn. Si missten elo iwwert eng Internetsäit vun engem privaten Anbieter an der Belsch gemaach gin. Doduerch kéim et zu Problemer. An dem Kontext   géing ech gär folgend Froen un den Här Ausseminister a Minister fir d’Immigratioun stellen:

 

  • Huet d’Prozedur vun der Familljenzesummeféierung vun Flüchtlingen rezent geännert?
    • Wa jo, wéini a firwat?
    • Gëtt et eng legal Basis fir déi nei Prozedur?

 

  • Ginn et technesch Problemer mam neie System?
    • Wa jo, kënnt et doduerch zu Retarden beim Opschaffen vun den Demanden?
    • Besteet doduerch net de Risiko, dat Delaien net kënnen agehalen gin an eenzel Flüchtlingen doduerch benodeelegt ginn?

 

  • Gëllen déi nei Reegelen fir all d‘Flüchtlingen, onofhängeg vun hirer Nationalitéit, respektiv vum Land aus dem se kommen?

 

  • Stëmmt et, dat et fir Flüchtlingen aus Eritrea bal onméiglech ass, hier Famill nokommen ze loossen, well si déi um belschen Site verlaangten Dokumenter an de meeschte Fäll net kënnen virleeën?

 

 

Här President, ech  Iech bieden mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck