Huet den Här Minister eng qualitativ Evaluatioun vun der Formatioun op der Sektioun „Sciences sociales“ am „Enseignement secondaire général“ maache gelooss? Wa jo, wien huet déi Evaluatioun duerchgefouert an ausgewäert a wat ass dobäi erauskomm?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Wéi d’Ëffentlechkeet den 18. Mee duerch zwee Pressecommuniquéë vum „Comité de la Conférence“ vum „Lycée technique pour professions éducatives et sociales“ (LTPES) respektiv vun der „Association luxembourgeoise des éducateurs et éducatrices (ALEE) gewuer ginn ass, solle vun der Rentrée 2021/2022 u Schülerinnen a Schüler, déi op der Sektioun „Sciences Sociales“ (GSO) am „Enseignement secondaire général“ hire Premièresdiplom kruten, d’Méiglechkeet hunn, a just engem Schouljoer de Beruff vum Erzéier ze léieren. Hire spéideren „Diplôme d’État d’Éducateur“ entsprécht deem, deen och déi Schüler kréien, déi am Kader vun enger Ausbildung iwwer dräi Joer am LTPES hiren Ofschloss als Educateur maachen.

Ee vun de groussen Ënnerscheeder vun de sougenannten SO-Schüler, déi an engem Joer den Educateursberuff léieren, besteet doran, dass si nëmmen 11 Woche praktesche Stage maachen, wärend fir d’Schüler aus dem LTPES am Ganze 26 Woche Stage virgesi sinn. Doriwwer eraus gëtt et natierlech och Ënnerscheeder beim theoretesche Wëssen, dat op deene respektiven Ausbildungsweeër vermëttelt gëtt.

Den Här Educatiounsminister gesäit an dësem neien Ausbildungswee och eng zousätzlech Méiglechkeet fir d’SO-Schüler mat engem Premièresdiplom. Sou kéinte si sech an Zukunft entweder zum Educateur ausbilde loossen oder sech fir en Héichschoul- oder Universitéitsstudium aschreiwen.

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen :

  • Huet den Här Minister eng qualitativ Evaluatioun vun der Formatioun op der Sektioun „Sciences sociales“ am „Enseignement secondaire général“ maache gelooss? Wa jo, wien huet déi Evaluatioun duerchgefouert an ausgewäert a wat ass dobäi erauskomm?
  • Kann den Här Minister mech iwwer d’Resultater vun der Analys vun de Contenue vun der SO-Sektioun respektiv dem Ausbildungswee am LTPES informéieren, déi hien an der Chambersitzung vum 18. Mee ugeschwat hat, a mir déi komplett Dokumenter vun där Etude vum SCRIPT zoukomme loossen?
  • Wat d’Admissioun vun den SO-Schüler fir d’Ausbildung zum Educateur ugeet, sot den Här Minister den 18. Mee an der Chamber, dass géif gepréift ginn, ob d’Kandidaten Aktivitéiten an deene Beräicher haten, an deenen d’Schüler vum LTPES Stage gemaach hunn. Wat bedeit dat konkret fir d‘Admissioun respektiv d‘Net-Admissioun vun deene jonke Leit?
  • Kann den Här Minister mech driwwer informéieren, wéi vill Schüler mat engem SO-Premièresdiplom sech pro Joergang op enger Uni aschreiwen?
  • A wéi engem Mooss hunn SO-Primaner Schwieregkeeten, fir mat hirem Premièresdiplom op der Uni Lëtzebuerg ugeholl ze ginn? Wat ass de Grond fir d’Retizenz vun der Uni Lëtzebuerg bei der Admissioun vun SO-Primaner?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Martine Hansen

Fraktiounspresidentin

Zréck