Huet den Här Educatiounsminister Kenntnis vu Fäll, wou Schüler, déi geimpft an/oder nees gesond sinn, an der Klass sëtzen an trotz Covid-änleche Symptomer refuséieren, se ech engem Schnelltest z’ënnerzéien ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

An enger Newsletter vun der Enseignantsgewerkschaft SEW, datéiert op de 24. Januar, geet vu Problemer beim Respektéiere respektiv Applizéiere vun de Corona-bedéngte Virschrëften a verschiddene Schoule vum Enseignement Secondaire rieds.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen :

  • Huet den Här Educatiounsminister Kenntnis vu Fäll, wou Schüler, déi geimpft an/oder nees gesond sinn, an der Klass sëtzen an trotz Covid-änleche Symptomer refuséieren, se ech engem Schnelltest z’ënnerzéien ?
  • Wa jo, wat gedenkt den Här Minister dogéint z’ënnerhuelen ?
  • Kann den Här Minister confirméieren, dass an eenzele Schoulen ongeimpfte Schüler, déi net um Testing deelhuelen, bei engem positive Fall an der Klass sou laang weider an d’Schoul ginn, bis se vun der Santé – an dat kann aktuell e puer Deeg daueren – a Quarantaine geschéckt ginn ?
  • Wa jo, wéi positionéiert sech den Här Minister par Rapport zu deem Oflaf an deem doduerch entstoenden zousätzleche Risiko für Schüler a Léierpersonal ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Zréck