HIV-Selbsttester deemnächst an de Supermarchés: Et stellen sech eng Partie Froe, wat d’Berodung vun de betraffene Leit ugeet

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP812

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister an un den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

De Regierungsrot huet gëschter decidéiert datt deemnächst sollen HIV-Selbsttester sollen an de Supermarchés kënne verkaf ginn. Matt dësen Tester kann een dräi Méint no enger eventueller Ustiechung mat HIV, ouni Assistenz vu medezineschem Personal, bannent enger hallwer Stonn esou een Test maachen.

Dëst erméiglecht eng gutt Fréierkennung an déi betraffe Leit kënnen sech séier behandele loossen an hiert Ëmfeld schützen.

Och wann dës Mesure ze begréissen ass, esou wéilt ech an dësem Kontext gäre folgend Präzisioune vun der Regierung froen:

  • Wéi eng Qualitéitscritèrë gi geholl bei der Auswiel vun dësen Tester, wëssend datt esouwuel e falsche positiven, wéi e falschen negativen Test grouss Auswierkungen op déi betraffe Persounen hunn?
  • De Fall gesat, eng betraffe Persoun mécht esou en Test op engem Weekend, wéi kann ee bei engem positive Resultat eng beschtméiglechst psychologesch Prise en Charge garantéieren?
  • Wéi kann ee sécherstellen datt déi concernéiert Leit am beschte berode gi wéi si sech solle verhalen am Fall vun engem positive Resultat?
  • Wier et net méi sënnvoll esouwuel am Hibléck vun enger optimaler Berodung vun de concernéierte Leit, wéi och am Kader vun enger optimaler Preventiounspolitik, wann een dës Tester géif gratis an den Apdikte kréien?
  • Wier et net sënnvoll eng Informatiounsbroschür auszeschaffen, mat allen noutwendegen Informatiounen iwwer d’Tester, hier Fiabilitéit an d’Demarchen déi ee soll ënnerhuele wann een sech getest huet, déi den Apdikter de concernéierte Leit kéint diskret matginn?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Jean-Marie Halsdorf

Deputéierten

Zréck