Hat d’Arméi een an der Belsch veruerteelte Medeziner agestallt ? Firwat ass dat net bei der Astellung opgefall ?

Lëtzebuerg, den 22. Februar 2023

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Verdeedegungsminister weiderzeleeden.
No Berichter an de Medien hat d’Arméi am Hierscht 2022 en Noutfallmedezinner agestallt, deen sech an der Belsch muss wéinst falsche Covid-Impfzertifikater viru Geriicht veräntwerten. Am Mee 2022 wier den Dokter ewell wéinst Fälschung, Bedruch a Steierbedruch zu 2 Joer Prisong op Bewärung verurteelt ginn. Wéi et am Artikel weider heescht, wier den Dokter zanter Dezember net méi fir d’Arméi täteg, an dat nodeems de Conseil médical op des Virgeschicht opmierksam gemaach hat. An deem Kontext wollte mir folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Verdeedegungsminister stellen:
Kann d’Regierung confirméieren, dat d’Arméi e Medezinner agestallt hat, deen an der Belsch verurteelt gouf an deen sech nach wéinst aner Virwërf muss vir Geriicht veräntwerten?
Firwat sinn d’Reprochë géint de Medezinner net direkt bei der Astellung opgefall, mee eréischt no der Interventioun vum Conseil médical?
Ënner wat fir engem Statut war de Medezinner bei der Arméi agestallt ginn?
Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Jean-Marie Halsdorf Diane Adehm
Deputéierten Deputéiert

Zréck