Hält den Här Minister déi aktuell Situatioun vu ville Beruffschaufferen wat hir sozial Couverture ugeet fir drobar?

Här Präsident,

 

Esou wéi den Artikel 80 vun eisem Reglement dat virgesäit, wéilt ech folgend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet stellen.

 

An engem Communiqué vum 24. Januar 2022 weist den LCGB op en Neits op déi ondrobar Situatioun vun de Beruffschauffeuren hin wat hir sozial Couverture ubelangt. Den LCGB geheit de politesch Verantwortlechen vir, sech hannert europäesche Reglementer ze verstoppen.

 

„Die Verordnung sieht vor, dass jeder Arbeitnehmer, der mehr als 25 % seiner Tätigkeit in seinem Wohnland ausübt, den Rechtsvorschriften dieses Landes unterliegt und somit dort sozialversicherungspflichtig ist. Diese Regelung bringt für Grenzgänger, die für luxemburgische Unternehmen als Berufskraftfahrer im internationalen Transportsektor arbeiten, große Nachteile mit sich. So besteht für diese Arbeitnehmer ständig das Risiko, von der luxemburgischen Sozialversicherung abgemeldet zu werden und jeglichen Anspruch auf luxemburgische Sozialleistungen (Kindergeld, Elternurlaub usw.) zu verlieren, und dies nur, weil eine europäische Verordnung nicht an die tägliche Realität ihres Berufs angepasst ist.“

 

Schonn am Oktober 2020 hat den LCGB de Minister opgefuerdert fir bilateral Accorden mat den Nopeschlänner ofzeschléissen.

 

Duerfir wéilt ech folgend Froen un den Här Minister stellen:

 

  • Hält den Här Minister déi aktuell Situatioun vu ville Beruffschaufferen fir drobar?

 

  • Steet den Här Minister a Verhandlungen mat sengen Homologen aus den Nopeschlänner?

 

  • Wa jo, zeechnen sech hei kuerzfristeg Accorden of? Wa jo, wéi gesinn dës aus?

 

  • Wann nee, firwat net?

 

  • Wéi wëll den Här Minister sécher stellen, dass dës Mataarbechter weiderhin sozial verséchert sinn?

 

Mat déiwem Respekt,

 

 

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck