Grouss Ännerungen am gratis ëffentlechen Transport vum 1. Mäerz 2020 un. Do stellen sech eng Rei Froen wat de Site Ettelbréck als ugekënnegten “Pôle d’échange multimodial de la Gare d’Ettelbrück” betrëfft.

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et am Artikel 83 virgesäit, bieden ech Iech, folgend parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéitsminister weider ze leeden.

 

Am Kader vun enger Pressekonferenz huet den Här Mobilitéitsminister déi grouss Ännerunge presentéiert déi am Kontext vum gratis ëffentlechen Transport den 1. Mäerz 2020 wäerten antrieden. Vun dem Datum ginn et zum Beispill just nach dräi Guichete wou ee Billjeeë fir d’éischt Klass an Tickete fir international Reesen ze kafe kritt: Stater Gare, Esch an zu Belval-Université. Domadder wieren nëmmen nach am Süden an am Zentrum Guichete fir Client zougänglech. Leit aus dem Norden géifen eidel ausgoen. Dës Annonce kennt iwwerraschend well bei den ëffentleche Presentatioune vum “Pôle d’échange multimodal de la Gare d’Ettelbrück” ëmmer gesot ginn ass, dass an dat neit Gebai vun der Gare Ettelbréck eng Mobilitéitszentral mat enger Verkafsstell fir national an och international Tickete sollt kommen. Op de Pläng war ausserdeem ze gesinn, dass an dat Gebai de Verkéiersverbond sollt integréiert ginn.

 

Wëssend dass déi Ettelbrécker Gare déi 2. gréisste Gare am Land ass wat de Flux u Voyageure betrefft, géif ech dem Här Mobilitéitsminister gäre folgend Froe stellen:

 

  • Firwat gëtt an déi néi Gare zu Ettelbréck, am Géigendeel zu deem wat ëmmer gesot ginn ass, kee Point de Vente fir Billjeeë méi integréiert ëmsou méi dass ee vun dëser Gare aus direkt international Verbindungen huet Richtung Léck (op den Thalys) an Oochen (op den ICE)?
  • Wat sinn d’ Grënn déi zu dëser Decisioun gefouert hunn ?
  • Gett weiderhi de Verkéiersverbond an déi néi Gare integréiert oder kennt et och hei zu Ännerungen a wa jo zu wéi engen a firwat ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marco Schank

Deputéierten

Zréck