Goufen et Enkpäss an der Maternité vum CHL, déi op de Fait zréckzeféieren sinn, datt d’Maternité vun Ettelbréck zu dem Zäitpunkt zou war?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 81 vum Chambersreglement virgesinn ass, géingen mir Iech bieden, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no huet eng Fra Enn Mee wéinst enger Fréigebuert missen mam Rettungshelikopter op Tréier geflunn ginn, fir do z‘accouchéieren. An dësem Kontext géingen mir gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Kënnt Dir des Informatiounen confirméieren?
  • Wa jo, wat war de Grond fir den Transfer an d‘Ausland?
    • Waren zu dem Zäitpunkt net genuch Kapazitéiten fir Accouchementer an der Maternité vum CHL disponibel?
    • Waren net genuch Couveusen fir ze fréi gebueren Kanner disponibel?
  • War probéiert ginn, d’Fra an d’Klinik Bohler ze transferéieren, ier d’Decisioun getraff gouf, fir si an Däitschland ze fléien?
  • Wann et Enkpäss an der Maternité vum CHL gouf, sinn déi op der Fait zréckzeféieren, dat d’Maternité vun Ettelbréck zu dem Zäitpunkt zou war?
    • Wa jo, vill Fraen hunn insgesamt mussen am Zäitraum, wou d’Maternité zu Ettelbréck zou war, an d’Ausland bruecht ginn, fir z’accouchéieren?
  • Wat fir Mesuren ginn ergraff, fir esou Situatiounen an Zukunft z’evitéieren?

 

Här President, mir bieden Iech eise déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                      Max Hengel                               Claude Wiseler

Deputéiert                                Deputéierten                            Deputéierten

Zréck