Goufe schonn Etude gemaach wat den Asaz vun der Blockchain Technologie fir en Impakt op di national an international Energieverbrauch huet?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu dem Energieverbrauch duerch d’Blockchain Technologie un den Här Energieminister an den Här Wirtschaftsminister weider ze leeden.

D’Blockchain Technologie spillt bei der Digitalisatioun vun onser Gesellschaft, zum Beispill vun onsen Verwaltungen eng wichteg Roll. Sou hat den Minister Marc Hansen schonn op dem Infrachain Summit 2019 di éischten Blockchain am ëffentleche Secteur annoncéiert. Dës Technologie erlaabt en sécheren an transparenten Stockage vun onsen Daten, souwéi därer Transmissioun, an dëst ouni mussen op en zentral Kontrollorgan zeréckgräifen. En negativen Effekt vun dëser Technologie ass allerdéngs den héischen Stroumverbrauch. Zum Beispill verbraucht de Bitcoin, eng Kryptowärung di op der Blockchain baséiert, ongeféier sou vill Stroum wéi ganz Holland. Vue dass d’Virdeeler vun der Blockchain Technologie op der Hand leien an dës Technologie an ganz ënnerschiddleche Secteuren, vun der Finanzwelt iwwert de Kontroll vu Liewensmëttel, zum Asaz ka kommen, kann een an Zukunft mat engem méi staarken Gebrauch vun der Blockchain Technologie rechnen. Doduerch wäert dann awer wuel och den Stroumverbrauch zu Lëtzebuerg a weltwäit klammen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Sinn sech di zwee Ministeren dëser Thematik bewosst? Goufe schonn Etude gemaach wat den Asaz vun der Blockchain Technologie fir en Impakt op di national an international Energieverbrauch huet?
  2. Wéi gedenkt d’Regierung an Zukunft mat der Problematik ëmzegoen? Wéi eng Mesure wéilten d’Ministeren huelen fir de Stroumverbrauch deen duerch d’Blockchain Technologie entsteet, entgéint ze wierken?
  3. Ginn Kapazitéiten an Lëtzebuerger Datenzenteren genotzt oder reservéiert fir d’Blockchain Technologie ze promovéieren?

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar                                                            Paul Galles

Deputéierten                                                               Deputéierten

Zréck