Gouf et, den 8. Mäerz, Perturbatioune beim Schülertransport, eventuell souguer Incidente mat Schoulbussen, souwuel wat d’Grondschoul ugeet, wéi och den Enseignement secondaire?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

MeteoLux hat fir haut Mëttwoch, den 8. Mäerz, eng „Alerte jaune“ eraus ginn. Grouss Deeler vum Land waren dann och moies fréi vum „Schnéichaos“ betraff. Accidenter, Gefierer am Gruef an aner Perturbatiounen am Beruffsverkéier waren d’Konsequenz. D’Schüler an de Schoulbetrib waren och dovu betraff.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten :

  • Gouf et Perturbatioune beim Schülertransport, eventuell souguer Incidente mat Schoulbussen, souwuel wat d’Grondschoul ugeet, wéi och den Enseignement secondaire? Wa jo, wéi vill Schüler waren dovu betraff?
  • Wat sinn d’Konditioune, fir d’Schoul op Grond vun enger Alerte vu MeteoLux ofzesoen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck