Ginn et zum Deel Problemer mam ëffentlechen Transport fir d’Schüler an der Nordstad ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 4065

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir Iech dës parlamentaresch Fro iwwert den ëffentlechen Transport un den Här Minister fir Nohaltegkeet an Infrastruktur weiderzeleeden.

Laut eisen Informatiounen hunn vill Schüler déi am Raum Dikrech / Ettelbréck an de Lycée gi Problemer fir no der Schoul a raisonnabeler Zäit nees heem ze kommen. Bedéngt duerch déi vill Aarbechten déi aktuell an der Nordstad getätegt gi geet et op de Stroossen ee gutt Stéck méi lues virun, mam Resultat, dass Korrespondenze vum Bus op den Zuch an der Gare zu Ettelbréck oft net klappen. Doduerch musse Schüler oft aner Zich huele wou dann de Weidertransport mam Bus op de Arrivée net ëmmer assuréiert ass.

·         Ass sech den Här Minister dëser Problematik bewosst ?

·         Wat well de Minister ënnerhuele fir deem Problem entgéintzewierken?

·         Misst de Fuerplang an d’Ofstëmmung vu Zuch ob Bus an ëmgedréint net opgrond vun der aktueller Situatioun iwwerschafft ginn?

·         Firwat fiert op der Linn RGTR 608 (Kautenbach-Goesdorf-Büderscheid) géint 16 Auer vun der Kautebaach aus kee Bus op déi Dierfer?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 
Martine Hansen                     Marco Schank

Députée                                     Député

Zréck