Ginn et den Ament Verspéidungen beim Verlängeren vu Führerschäiner ? Däerf eng Persoun, déi sech an der „Erneierungsprozedur“ vum Führerschäin befënnt, wou deen alen wärend der Prozedur awer ofleeft, fir eng Iwwergangsdauer weider mam Auto fueren ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, géife mir Iech bieden folgend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit weiderzeleeden.

 

Et ass eis zougedroe ginn, dass et méiglecherweis beim Verlängeren vu Führerschäiner zu Verspéidungen komm ass. Méi präzis géifen eng Rei Dossieren beim Service médical vun der SNCA hänken.

 

Duerfir wéilte mir folgend Froen un den Här Minister stellen :

 

  • Kann den Här Minister dës Informatiounen bestätegen?
  • Sinn dës Retarden eventuell duerch déi aktuell sanitär Kris ze explizéieren?
  • Däerf eng Persoun, déi sech an der „Erneierungsprozedur“ vum Führerschäin befënnt, wou deen alen wärend der Prozedur awer ofleeft, fir eng Iwwergangsdauer weider mam Auto fueren?
    • Wa jo, wéi eng Aschränkungen ginn et an esou engem Fall?
    • Wann net, kann sech dës Persoun eng zäitlech begrenzte Fuererlabnis ausstelle loossen en attendant dass de neie Führerschäin ausgestallt gëtt? U wéi eng Instanzen ka sech dës Persoun an deem Fall wenden?
    • Sollt et kee sou ee System ginn, ass de Minister gewëllt, sou eng „Bypass-Léisung“ anzeféieren?

 

Mat déifstem Respekt,

Serge Wilmes
Deputéierten

Zréck