Gi Leit vum Kontrolldokter vun der CNS net ëmmer bei de Spezialist vun hirer Pathologie geschéckt a firwat gi Leit, déi mam Accord vun der CNS am Ausland behandelt ginn, bei de Kontrolldokter bestallt ?

D’Äntwert op dës Fro fann der ënnert dësem Link : QP1287

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister an un den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

Mengen Informatiounen no, gi Patienten déi bei de Kontrolldokter vun der Caisse Nationale de Santé (CNS) geruff ginn, net systematesch bei dee Spezialist geschéckt deen hirer Pathologie entsprécht. Esou kann et z.B. virkommen datt e Patient deen en urologeschen Agrëff hat, vun engem Neurolog kontrolléiert gëtt.

Des weidere soll et virkomm sinn, datt Patienten déi, mam Accord prealabele vun der CNS am Ausland behandelt ginn, mussen zréck op Lëtzebuerg bei de Kontrolldokter kommen.

Op Grond vun dësen Informatioune wollt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

Kann d’Regierung déi uewen opgezielten Informatioune bestätegen?
Wa jo, deelt d’Regierung d’Meenung datt et ubruecht wier, datt d’Patiente vu Spezialisten aus de jeeweilege Fachgebidder kontrolléiert ginn?
Ass d’Regierung der Meenung datt et ubruecht ass, datt Patienten déi am Ausland behandelt ginn, mat Accord prealabele vun der CNS, mussen op Lëtzebuerg bei de Kontrolldokter bestallt ginn?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Jean-Marie Halsdorf

Deputéierten

 

Zréck