Gett zu Lëtzebuerg nom Déconfinement och iwwert Ariichte vu sougenannten “Pop-up Bikelanes” nogeduecht?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weiderzeginn

Duerch de COVID-19 bedéngte Lockdown a ville Länner, ass a verschiddene Stied profitéiert gi fir sougenannten “Pop-up Bikelanes” fir déi douce Mobilitéit anzeriichten. Dobäi handelt et sech em temporär agezeechent Vëlospisten op bestoende Fuerspueren déi et Vëlofuerer a Foussgänger ënnert anerem erlabe soll den obligatoresche social Distancing vun 2 Meter anzehalen. Ausserdeem hëllefen se och den ëffentleche Persounentransport ze entlaaschten wou de Risiko vun engem Ustiechen duerch de COVID-19 méi grouss ass wei an der frëscher Loft. Sou Vëlospistë ginn et mëttlerweil schonns zu Berlin, Wien, Bréissel, Paräis asw.

An dësem Kontext géif ech gären folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen:

  • Gett zu Lëtzebuerg nom Déconfinement och iwwert Ariichte vu sougenannten “Pop-up Bikelanes” nogeduecht?
  • Huet de Här Minister de Ponts&Chaussées schonn Instruktioune gi fir ze kucke wei déi “Pop-up Bikelanes” kéinten ëmgesat ginn?
  • Wou kéinte prioritär sou Vëlospisten agezeechent ginn?
  • Wei héich wier de Käschtepunkt vu sou enger “Pop-up Bikelanes”?
  • Musse fir des temporär agezeechent Vëlospisten de Code de la route oder anere Gesetzer geännert ginn?
  • Wa jo a wéi engem Delai soll dat geschéien ? Wa neen, firwat net?

 

Här President, ech biede lech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Diane Adehm

Deputéiert

Zréck