Gëtt op Säite vun de Ministeren doriwwer nogeduecht, fir eng sozial méi gerecht Reegelung vun de Waasser- an Ofwaassertaxe souwéi den Offalltaxen anzeféieren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Gemengentaxen un d’Madamm Inneministesch an d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Souwuel bei de Waasser- an Ofwaassertaxe, wéi och bei den Offalltaxen op Gemengenniveau gëllt de Käschtendeckungsprinzip, dat heescht d’Gemengen si gehalen, de Stéit dat weider ze verrechnen, wat si un Ausgaben hunn. Hei spille sozial Krittäre keng Roll, soudass d’Rechnungen net un déi ekonomesch Situatioun vun de Stéit gekoppelt sinn. Och d´ Kompositioun vun engem Stot gëtt net consideréiert. Laut mengen Informatiounen hu verschidde Gemengen et refuséiert kritt, eng Stafflung bei den Taxe fir d´Waasser an Ofwaasser anzeféieren, déi dëse Krittäre Rechnung géing droen.

Ech wéilt dofir folgend Froen un déi zwou Madamme Minister stellen:
• Kënnen d´Madamme Minister meng Informatioune confirméieren? Wa jo, firwat gëtt esou eng Stafflung net erlaabt?
• Sinn d´Madamme Minister net der Meenung, dass een d´Kompositioun vun de Stéit bei den Ofrechnunge misst consideréieren ?
• Gëtt op Säite vun de Ministeren doriwwer nogeduecht, fir eng sozial méi gerecht Reegelung vun de Waasser- an Ofwaassertaxe souwéi den Offalltaxen anzeféieren?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz

Zréck