Gëtt et zu Lëtzebuerg eng steigend Tendenz u Consommatioun respektiv Verschreiwung vu Schmäerzmëttel?

Här President,
Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister weider ze leeden.
Weltwäit huet Consommatioun vun Medikamenter géint Péng /Schmerzmettel (Opioid-Analgetika) an de lëschten 20 Joer drastesch zougeholl, an eng ëmmer méi grouss Unzuel vun Leit geroden an d´Ofhängegkeet vun dëse Medikamenter. Opioid-Analgetika gehéieren zu den am heefegsten verkaaften Medikamenter, wouvunner ganz vill ouni Ordonnance an den Apdikten verkaaft ginn.

Aus dem Grond,well ech folgend Froen un den Här Minister stellen:
Ginn et an dësem Kontext Statistiken vir Lëtzebuerg?
Wei vill Fraen a Männer kréien hei zu Lëtzebuerg opioidhalteg Schmerzmettel verschriwwen?
Gett et och hei zu Lëtzebuerg en steigend Tendenz un Consommatioun respektive Verschreiwung vun Schmerzmettel?
Wei vill Leit geroden an eng Ofhängegkeet? Sinn dovunner och scho Kanner a Jugendlecher betraff?
Ginn et Statistiken wat d` Unzuel vun de Stierffäll duerch des Medikamenter ubelaangt?

Mat déiwem Respekt,

Nancy Arendt
Deputeierten

Zréck