Gëtt et schonn ee Konzept, wat d’Legaliséierung vum Cannabis ugeet ?

D’Äntwert op des parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 1930

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Informatioune vum Radio 100,7 no, läit e provisorescht Konzept vum Gesondheetsministère um Dësch, wat awer nach net vum Regierungsrot ugeholl gouf. Hei wiere verschidde Mesure virgesinn, wéi z.B. datt eng Persoun 30 Gramm Cannabis pro Mount ka kafen, 14 Verkafspunkten uechter d’Land virgesi wieren etc. Et wier awer nach onkloer wéi d’Legaliséierung mam internationale Recht kann an Aklang bruecht ginn.

An dësem Kontext géife gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Stëmmt et datt esou e provisorescht Konzept existéiert?
Wa jo, kann d’Regierung d’Informatioune vum Radio 100,7 confirméieren?
Ass et méiglech datt d’Deputéiert dat provisoresch Konzept kréien?
Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch                             Claude Wiseler

Deputéiert                                                    Deputéierten

 

Zréck