Gëtt et konkret Chifferen zu den Drogekonsumenten, déi aus dem noen Ausland reegelméisseg op Lëtzebuerg kommen? Besteet en Austausch tëscht de respektive Strukture fir Drogekonsumenten zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet, un d’Madamm Minister fir d’Groussregioun an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no geet d’Zuel vu Rauschgëftkonsumenten aus dem noen Ausland, déi op Lëtzebuerg kommen, an d’Luucht. Si komme virun allem an d’Stad Lëtzebuerg, fir sech do mat Drogen anzedecken an déi och sur Place, virun allem am Zentrum fir Drogenhëllef „Abrigado“, ze consomméieren.

An dësem Kontext  wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Minister fir Gesondheet, un d’Madamm Minister fir d’Groussregioun an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen :

  • Hunn déi Dammen an Häre Ministere Kenntnis vun deem beschriwwene Problem a wéi positionéiere si sech dozou ?
  • Gëtt et konkret Chifferen zu den Drogekonsumenten, déi aus dem noen Ausland reegelméisseg op Lëtzebuerg kommen?
  • Besteet en Austausch tëscht de respektive Strukture fir Drogekonsumenten zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun?
  • Wa jo, mat wéi enge Strukture fir Drogekonsumenten an der Groussregioun steet Lëtzebuerg a Kontakt?
  • A wéi enge Stied oder gréisseren Agglomeratioune an eisen dräi Nopeschlänner befannen sech déi nächst Drogekonsumraim, déi mam Lëtzebuerger Modell vergläichbar sinn? Wat sinn hir Kapazitéiten a wéi si se equipéiert?
  • Wéi gesäit deen Austausch an der Praxis aus a wéi wierkt dee sech op d‘Drogesituatioun zu Lëtzebuerg aus?
  • A wéi engem Mooss gëtt bei der Drogepräventioun um Niveau vun der Groussregioun zesummegeschafft?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Jean-Paul Schaaf                                                  Paul Galles

Deputéierten                                                   Deputéierten

Zréck