Gëtt den Transport mam Taxi an de Reha-Zenter oder eng Reha-Statioun fir Geriatrie oder Kardiologie vun engem Spidol héchstens fir 20 Behandlungsdeeg vun der Gesondheetskeess (CNS) iwwerholl?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

Mengen Informatiounen no gëtt den Transport mam Taxi an de Reha-Zenter oder eng Reha-Statioun fir Geriatrie oder Kardiologie vun engem Spidol héchstens dir 20 Behandlungsdeeg  vun der Gesondheetskeess (CNS) iwwerholl.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Kann de Minister dës Informatioune bestätegen?
  • Wa jo, wat sinn d’Grënn fir des Limitatioun?
  • Deelt de Minister d’Meenung datt et sënnvoll wier, den Transport esoulaang ze iwwerhuelen, wéi et medezinesch noutwendeg ass?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck