Gëtt de SIDEC Containerpark zu Wolz dëst Joer nach zougemaach a wou sollen d’Leit da mat hiren Offäll hin ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu den Offallsyndikater un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weider ze leeden.

De Gemengesyndikat SIDEC (Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets) ënnerhält insgesamt 5 Containerparke wou d’Leit hiren Offall kënnen ofginn, ënner anerem een zu Wolz. Dësen soll allerdéngs, laut eisen Informatiounen, am Dezember 2019 zougemaach ginn. Weiderhin, sou eis Informatiounen, soll nach keen Ersatzstanduert operativ sinn obwuel well Jorelaang gewosst ass, dass de Site zu Wolz soll zougemaach ginn. An Zäite wou d’Trennung an d‘Verwertung vum Offall ëmmer méi wichteg ginn, géing dëst ee Réckschrëtt fir dës Aktivitéiten am Norde vum Land bedeiten.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

Kann d’Madamm Ministesch dës Informatioune confirméieren?
Wann jo, a wuel wëssend dass de SIDEC een Gemengesyndikat ass, wéi eng Moyen’en huet d’Regierung fir do anzegräifen? Wat gedenkt d’Madamm Ministesch z’ënnerhuelen?
Wann dës Informatioune stëmmen, wéi eng Alternative ginn et zu dësem Site respektiv wouhi sollten d’Bierger an deem Fall hier Offäll hibrengen?
Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Martine Hansen                                                  Marco Schank

Deputéiert                                                        Deputéierten

Zréck