Gesäit ee vir, dass an Zukunft d‘Baueren hire Schued, deen duerch di invasiv Nilgäns entsteet, sollen entschiedegt kréien?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zur Nilgäns un d’Madamm Ëmweltministesch, an den Här Landwirtschaftsminister weider ze leeden.

An deene leschte Joren huet sech di invasiv Nilgäns och zu Lëtzebuerg staark verbreet. Fir dem exponentielle Wuesstem vun der Populatioun entgéint ze wierken, gouf en Plan d’action pour espèces exotiques envahissantes (PA EEE) opgestallt. Leider kënnt et awer och ëmmer erëm zu Schied an der Landwirtschaft.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Ministere stellen:

  • Konnt de Wuesstem vun der Nilgäns-Populatioun zu Lëtzebuerg duerch den PA EEE schonns ofgebremst ginn?
  • Denken d’Ministeren, dass di beschriwwe Mesuren duergi fir dem Problem an Zukunft Här ze ginn oder muss ee weider oder aner Mesuren a Betruecht zéien?
  • Gesäit ee vir, dass an Zukunft d‘Baueren hire Schued, deen duerch di invasiv Nilgäns entsteet, sollen entschiedegt kréien?
    • Wann jo, wien iwwerhëlt déi Entschiedegung?
    • Wann nee, firwat net?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Zréck