Gesäit den Energieminister vir, di garantéierten Aspeisetariffer fir Photovoltaïquesanlagen ze erhéijen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu den Aspeisetariffer fir Photovoltaïquesanlagen un den Här Energieminister weider ze leeden.

D’Präisser fir Energie, an domadder och fir Stroum, sinn an de leschte Méint op den internationale Marché’en extrem staark geklommen. En vue vun de multipelle Krise kann een och net onbedéngt domadder rechnen, dass di Präisser an noer Zukunft erëm wäerte falen an et muss een sech d’Fro stellen op d’Energie iwwerhaapt nach eng Kéier esou bëlleg gëtt. De Stroum (a Gas-)präisdeckel wäert d’Regierung och net fir ëmmer kënne finanzéieren. Dofir ass et wichteg den Ausbau vu Photovoltaïquesanlage weider virun ze dreiwen. Eng Méiglechkeet fir dëst ze maachen, besteet jo a Form vu garantéierten Aspeisetariffer. Aktuell läit den Tarif fir Anlage bis 10 kW bei 0,15 €/kWh a fir Anlagen iwwer 10 a bis 30 kW bei 0,14 €/kWh. Et ass also wichteg dësen Tarif och an Zukunft lukrativ bleift.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Gesäit den Energieminister vir, di garantéierten Aspeisetariffer fir Photovoltaïquesanlagen ze erhéijen? Wann jo, em wéivill €/kWh a wéini? Wann nee, wéi wëll een dann den Ausbau vu Photovoltaïquesanlage weider fërderen?

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Paul Galles                                                         Marc Lies

Deputéierten                                                     Deputéierten

 

Zréck