Gesäit de Staat eng Dezentraliséierung vun Aarbechtsplaze vum Landeszentrum a Richtung Norde vir ?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Finanzminister an un den Här Minister fir Energie a Landesplanung weiderzeleeden.
An engem rezente Presseartikel ass ze liesen, dass 8.500 vun den insgesamt 17.000 m2 Fläch vun dem Projet „Ettelbruck One“ respektiv dem „Centre administratif Nordstad“ solle fir staatleche Verwaltunge genotzt ginn, wat am Sënn vun der Iddi vun enger Dezentraliséierung an domat och am Sënn vum Projet Nordstad ass, wou et iwwregens laut dem „Projet de programme directeur d’aménagement du territoire“ (PDAT) am Verglach mat der Stad Lëtzebuerg un Aarbechtsplaze feelt. De PDAT gesäit doriwwer eraus och vir, Wunnen, Schaffen a Fräizäit beieneen ze bréngen.
An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Finanzminister an un den Här Minister fir Energie a Landesplanung riichten:
Gesäit de Staat eng Dezentraliséierung vun Aarbechtsplaze vum Landeszentrum a Richtung Norde vir?
Wéi eng Administratioune sollen an deem neie Gebai ënnerbruecht ginn?
Kann ee sécherstellen, dass keng Zentraliséierung vu staatleche Verwaltungen am Norden a Richtung Ettelbréck geschitt, i.e. dass keng „Antennen“ an der Nordregioun zougemaach ginn, fir déi Administratiounen um neie Site beieneen ze leeën?
Ass d‘Regierung der Meenung, dass eng weider Stäerkung vun den Aarbechtsplazen am Norde muss geschéien?
Wa jo, gëtt et dofir weider Projeten am Norde fir staatlech Verwaltungen, besonnesch an deenen anere „Centres de développement et d’attraction“ (CDA)?
Wann net, firwat net?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Jean-Paul Schaaf
Deputéierten

Zréck