Genee wéi d‘Stad Lëtzebuerg huet och Esch, déi zweetgréisste Stad am Land mat 37.000 Awunner een Impfzenter an grouss Centre commercialen, mee kritt awer kee Pop-up. Firwat ass dat esou?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister vir Gesondheet weider ze leeden.

 

Sougenannten Pop-up Impfstatiounen sin elo opgemaach ginn, wou d’Leit sech kennen op verschiddenen Deeg op verschiddene Platzen am Land impfen loossen ouni virdrun mussen e RDV ze huelen. D’Datumer an wou déi eenzel Pop-up Statiounen sech tëschent dem 21. Januar an dem 2. Februar 2022 befannen si publizéiert ginn.

Opfälleg ass, dass dës Pop-Up Statiounen relativ am Zentrum zentraliséiert sinn.

 

An dësem Kontext wéilt ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  • Kann d’Regierung matdeelen aus wéi engem Grond déi Pop-up Statiounen sou am Zentrum zentraliséiert sinn ?
  • Genee wéi d‘Stad Lëtzebuerg huet och Esch, déi zweetgréisste Stad am Land mat 37.000 Awunner een Impfzenter an grouss Centre commercialen, mee kritt awer kee Pop-up. Firwat ass dat esou?
  • Am Norden a Westen vum Land ginn et och grouss Akafszentren. Firwat ginn do keng Pop-up Statiounen organiséiert ?
  • Wéi gesäit an deem Sënn d‘Impfstrategie vum Gesondheetsministère aus?

 

 

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Georges Mischo
Deputéierten

 

Zréck