Gemeng Dikrech verléiert Prozess wéinst verzéngfachter Grondsteier. Wat bedeit dat fir aner Gemengen ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneministesch weiderzeleeden.
De Radio 100,7 huet gemellt, dass d’Gemeng Dikrech de Prozess géint 15 Besëtzer verluer huet, déi géint d’Decisioun geklot haten, d’Grondsteier op eidelstoend Terrainen ze verzwanzegfachen. Op Ufro vum 100,7 huet d’Madamm Inneministesch gesot, si wéilt net géint dat Urteel an Appell goen.
Well och aner Gemengen änlech Mesure Punkto Grondsteier op eidelstoend Terrainen getraff hunn, hunn ech folgend Froen un d’Madamm Innenministesch:
Gett d‘Decisioun vun deene Gemengen, déi d’Grondsteier op eidelstoend Terrainen och erhéicht hunn, duerch dëst Urteel annuléiert ?

Wa jo, gedenkt d’Madamm Inneministesch un eng Ännerung vun der aktueller Gesetzgebung ?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz
Deputéierten

Zréck