Geet d’Zuel vun den aktiven Veterinären fir eng adequat Prise en Charge vun den Déieren duer?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

An eisen Nopeschlänner gëtt et zum Deel en akute Mangel u Veterinären. An deem Kontext géing ech gär folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen:

  • Wéi vill Veterinären gëtt et insgesamt zu Lëtzebuerg?
  • Wéi vill Veterinären praktizéieren?
  • Wéi vill Veterinären sinn am Beräich Groussvéi aktiv a wéi vill am Beräich Hausdéieren?
  • Geet d’Zuel vun den aktiven Veterinären fir eng adequat Prise en Charge vun den Déieren duer?
    • Wa nee, wat fir Konsequenzen huet de Mangel u Veterinären fir d’Versuergung vun den Déieren insgesamt?
    • Ass Versuergung vum Groussvéi am Agrarsecteur nach garantéiert?
    • Wat wëllt d’Regierung géint des Penurie maachen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

.

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck