Gedenkt d’Regierung de Code de la Routeesou ze modifiéieren, dass en fir e „quadricycle léger“ kee Führerschäi méi brauch?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Ëmmer méi Autoshiersteller brénge sougenannten elektresch „quadricycles légers“ op de Marché, déi meeschtens net méi séier ewéi 45 km/h fuere kennen a virun allem fir den urbanen Transport geduecht sinn. Fir a Frankräich mat engem „quadricycle léger“, oder enger „voiturette“ wéi se och nach genannt ginn, fueren ze kennen, brauch e kee Führerschäin wann e virun 1988 gebuer ass, wärenddeem en hei zu Lëtzebuerg dofir e Führerschäin aus der Kategorie A1 brauch.

An dem Zesummenhang géing ech gär folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

  • Gedenkt d’Regierung de Code de la Routeesou ze modifiéieren, dass en fir e „quadricycle léger“ kee Führerschäi méi brauch?
    • Wa jo, wat sinn d’Argumenter déi dofir schwätzen?
    • Wann nee, wat schwätzt dogéint?
  • Wëssend, dass e „quadricycle léger“ méi eelere Léit hëllefe ka mobile ze bléiwen am Fall wou Si de Führerschäin net méi verlängert kréien, kéint den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten sech virstellen an dëse Fäll de betraffene Léit d’Recht ze loossen e „quadricycle léger“ fueren ze dierfen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Serge Wilmes

Deputéierten

Zréck