Froen zum Funktionnement vum Filmfong

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 4066

 

Här Chamberspresident,

 

esou ewéi et am Artikel 83 vum Chambersreglement steet, bieden ech Iech dës Froen iwwert de Fonds national de soutien à la production audiovisuelle un den Här Communicatiouns- a Medieminister weider ze ginn.

Opgrond vun engem Artikel vum 28. September 2018 am „Reporter.lu“ iwwer den Fonctionnement vum lëtzebuerger „Film Fund“ géif ech dem Här Communicatiouns- a Medieminister gären dës Froe stellen :

–        Kann den Här Minister mir matdeelen, wéivill Subsiden bei Productiounen an Coproductiounen, am Fall vun engem Benefiss, ganz oder deelweils zréck rembourséiert gi sinn, esou wéi et d‘Gesetz iwwer de Filmfong am Artikel 9 am Prinzip virgesäit?

–        Kann den Här Minister mir och präziséieren, wévill Exploitant’en an Coexploitant‘en vun der Derogatioun am selweschten Artikel profitéiert hunn?

–        Ass den Här Minister der Meenung, datt een d’Conditiounen am Reglement esou misst ausleeën, datt, wann de Benefiss grouss ass, d‘Subsiden automatesch missten zeréckbezuelt ginn?

–        Kann den Här Minister mir soen wéivill Gesellschaften Subsiden kritt hunn obschonns si hieren Bilan net konnten virweisen, esou wéi et d’Gesetz am Artikel 9 eigentlech virschreiwt? Ass den Här Minister der Meenung dass d’Gesetz op deem Punkt misst präziséiert ginn?

–        Kennt den Här Minister d‘Zuel vun de Leit, déi an der lëtzebuerger Filmbranche tatsächlech aktiv sinn an kann den Här Minister mir soen op wat déi Statistik séch baséiert?

–        Ass d’Regierung der Meenung, dass de legale Kader vum Filmfong misst evaluéiert an eventuell adaptéiert ginn?

 

Här Chamberspresident, mat mengem déifste Respekt,

 

Félix Eischen

Deputéierten

Zréck