Gëtt den Transport fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit och gratis ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert de gratis ëffentlechen Transport un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un d’Ministesch fir d’Famill, d‘Integratioun an d‘Groussregioun weider ze leeden.

De Regierungsprogramm gesäit vir, datt den ëffentlechen Transport vun 2020 un soll gratis ginn. Detailer vun dëser Gratuitéit wëll de Minister deemnächst presentéieren.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wëssend datt Leit mat ageschränkter Mobilitéit, vun 2015 un, mam Argument datt muss gespuert ginn, sech no an no ëmmer méi hu misse selwer um Transport mam Mini-Bus op hir Aarbecht bedeelegen, wëlle mir wëssen ob d’Regierung gedenkt och dësen Transport op déi jeeweileg Aarbechtsplazen erëm gratis unzebidden, zemools well et jo een Ziel vun der Regierung ass, méi Leit mat enger Behënnerung op den Aarbechtsmarché ze integréieren?
  • Gedenkt d’Regierung an Zukunft och de Service „Adapto“ gratis unzebidde fir Leit mat engem permanenten Handicap?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Claude Wiseler                           Martine Hansen                       Marco Schank

Deputéierten                               Deputéiert                                  Deputéierten

 

Zréck