FLF muss Matcher ofsoen. Gouf et keng Kommunikatioun tëscht dem Minister an der Football-Federatioun ?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro zu den néien Dispositiounen am COVID-Gesetz am Beräich vum Sport un de Minister fir Sport weider ze leeden.
An engem Communiqué vun haut (19.10.2021) bedauert d’Fussballfederatioun (FLF) dass si opgrond vun de néien Dispositiounen am COVID-Gesetz all hier Matcher fir den 19., 20. an 21. Oktober ofsoe muss. De Grond soll laut FLF doran bestoen, dass ab haut keng Tester di selwer vun de Sportler bzw. de Benevollen oder Begleeder duerchgefouert goufen, méi unerkannt ginn an dass dëst eng Iwwerraschung fir d’FLF gewiescht wier, vue dass den Datum vum Akraafttrieden am Sport vun deenen anere Secteuren ofwäicht.
An dësem Kontext géife mir gäre folgend dréngend Froen un d’Regierung stellen:
War de Sportminister mat de concernéierte Federatiounen zu den neien Dispositiounen am COVID Gesetz am Austausch?
Huet d’Fussballfederatioun d’Gesetz richteg interpretéiert a stëmmt di am Communiqué geäusserte Kritik?
Här President, ech bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen
Deputéierten

Georges Mischo
Deputéierten

Zréck