Firwat wëll d’Regierung déi 2 Chantieren zu Beetebuerg net zäitgläich am Joer 2025 ënnerhuelen?

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Froen un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Wéi an engem rezente RTL-Artikel vum 17. Mäerz 2023 ze liesen ass, soll zu der Zäit, wou d’Olympesch Summerspiller 2024 zu Paräis stattfannen, keen TGV op der Stréck Lëtzebuerg-Paräis circuléieren. De « Pont Hammerel », iwwert der Beetebuerger Gare, muss ersat ginn, an dofir gëtt an der Summervakanz 2024, wärend véier Wochen, dës Bréck ofgerappt an duerch eng nei Constructioun ersat. Laut CFL Informatioune gouf et keen anert Zäitfënster fir dëse Chantier, well d’Mobilitéit vun de Beruffspendler fir d’CFL Prioritéit virum Confort vun Olympia-Touristen huet. Den Zuchverkéier op de Strécke Stad-Beetebuerg, Beetebuerg-Esch, Beetebuerg-Diddeleng a Beetebuerg-Diddenuewe wäert also wärend engem knappe Mount net funktionéieren.

 

Fir d’Ponts et Chaussées wier et eng Alternativ gewiescht, fir de « Pont Hammerel » eréischt 2025 z’erneieren, zäitgläich mat engem aneren CFL-Chantier op der Beetebuerger Gare.

 

An deem Kontext wéilt ech dem Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

 

  • Hätt net eng Méiglechkeet bestanen, dëse Chantier an engem Zäitraum ze ënnerhuelen, wou weeder Beruffspendler, nach Touristen iwwerproportional impaktéiert gewiescht wieren?
  • Wéi héich ass déi geschätzten Unzuel u Leit, déi vun dësem Chantier am Summer 2024 impaktéiert sinn?
  • Firwat wëll d’Regierung déi 2 Chantieren zu Beetebuerg net zäitgläich am Joer 2025 ënnerhuelen?
  • Wéi gesinn déi konkret Alternativen aus, déi dee Moment den ëffentleche Persouneverkéier op de genannte Strécken ersetzen?
    • Mat wéi héijen Zäitverloschter mussen d’Leit rechnen?
    • Kéint een einfachen Zuch, amplaz vun engem TGV, iwwert d’Ligne 70 (Péiteng) ëmgeleet ginn? Wann net, firwat?

 

Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Elisabeth Margue

Deputéiert

Zréck