Firwat wëll de Staat um Reseau, dee vun den CFL benotzt gëtt, fréistens 2021 op den Asaz vu Produite mat dem Wierkstoff Glyphosat verzichten an net direkt?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu glyphosathalteg Produite bei der CFL un den Här Landwirtschaftsminister weider ze leeden.

D’ Regierung huet decidéiert all Pachtvertrag vun staatlechen Flächen unzepassen sou datt all Planzeschutzmëttel op dësen Flächen verbueden gëtt. Den Staat selwer ass awer och Propriétaire vum Reseau deen d’CFL benotzt. Weiderhin gouf an der parlamentarescher Ufro n°1933 geäntwert, dass d’CFL fréistens ab dem Joer 2021 op den Asaz vu Produite mat dem Wierkstoff Glyphosat verzichten wäert, datt awer schonn no Alternativen zum Sprëtzen gesicht gëtt, zum Beispill an Form vun Pilot-Projeten op den Nopeschréseauen.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  1. Firwat well een réischt fréistens 2021 op den Asaz u Produite mat dem Wierkstoff Glyphosat op dem Reseau vun der CFL verzichten an net unverzüglech?
  2. Wéi vill Prozent vun den Flächen déi vun der CFL benotzt gi, gehéieren dem Staat? Wéi vill Planzeschutzmëttel ginn pro Joer op dësen Flächen agesat?
  3. Wéi eng Pilotprojeten ginn op den Nopeschréseauen évaluéiert. Wéi eng Nopeschréseauen sinn dat?
  4. Wei eng Alternativen gi getest? Sinn dëst aner Pestiziden oder alternativ technesch Léisungen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéierten

 

Zréck