Firwat sinn d’Statistike vum LISER vun 2018 nach net verëffentlecht ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert d’Statistike vum LISER un Madamm Logementsminister weiderzeginn.

 

An der Chamberskommissioun vum 27. Juni huet de LISER Erklärungen iwwert d’Entwécklung vun de Präisser um Wunnengsmaart ginn, des Präisser a Statistike sollten am weidere Verlaf publizéiert ginn. Iwwert dese Wee huet och d’Ëffentlechkeet Zougang zu dësen Daten fir sech en Bild ze maachen iwwer déi aktuell Situatioun um Wunnengsmaart.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un Madamm Logementsminister riichten.

 

·      Wisou goufen déi offiziell Statistike vum LISER vum Joer 2018 vum Verkaf an der Locatioun vu Wunnengen nach net op hirer Internetsäit publizéiert?

 

·      Sinn d’Zuele vum 1. Trimester vun dësem Joer schonn disponibel, respektiv ab wéini sinn déi disponibel ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Marc Lies

Deputéierten

 

 

Zréck